E Freideg de Mëtteg sinn d’Debbie Joseph an de Gusti Bascuas mam TGV zu Paräis ukomm. Si waren net als Touristen ënnerwee, mä haten de Bléck op d’Paralympics an den Tom Habscheid geriicht.
E Samschdeg den Owend hunn déi zwee Lëtzebuerger zesumme mat anere Frënn an Aarbechtskolleege virum Stade de France op den Tom Habscheid gewaart. Si haten duerch säi Gewënn vun der Bronzemedail en onvergiesslechen Owend erlieft an d’Emotiounen hunn d’Kopplabunz geschloen.
No e puer Fotoe riets a lénks huet de Wee an de Restaurant gewisen, wou d’Medail gefeiert ginn ass.
D’Rees op Paräis hat sech fir d’Lëtzebuerger Supporter gelount.
LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.