Internationale FuttballLeverkusen wënnt géint Stuttgart a steet an der Halleffinall vum DFB-Pokal

RTL Lëtzebuerg
Béid Ekippen hu sech e Match geliwwert, dee bis zur leschter Minutt spannend war.
© FEDERICO GAMBARINI / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

DFB-Pokal

Leverkusen - Stuttgart 3:2
0:1 Anton (11'), 1:1 Andrich (50'), 1:2 Führich (58'), 2:2 Adli (66'), 3:2 Tah (90')

Am Match tëscht Leverkusen a Stuttgart waren et d’Gäscht aus Baden-Württemberg, déi an der 11. Minutt a Féierung gaange sinn. De Waldemar Anton konnt no engem Corner vum Angelo Stiller markéieren. An der 50. Minutt kann de Robert Andrich dunn fir Leverkusen ausgläichen. Säi Schoss aus 20 Meter geet onhaltbar an de rietse Wénkel. Den Alexander Nübel am Stuttgarter Gol ass zwar ënnerwee an déi richteg Richtung, huet allerdéngs keng Chance, un de Ball ze kommen.
Nëmme 8 Minutte méi spéit ass deen alen Ecart allerdéngs nees hiergestallt. Stuttgart presst héich an de Robert Andrich op Säite vu Leverkusen verléiert de Ball. Den Enzo Millot passt op de Chris Führich am Leverkusener Strofraum an dee markéiert den 2:1.
An der 66. Minutt spillt de Florian Wirtz dann eng super Pass an de Laf vum Amine Adli. Deen zitt an de Siechzéngter vun de Stuttgarter an trëfft zum 2:2
Et gesäit laang no Verlängerung aus, ma an der 90. Minutt sollt dach nach eng Decisioun falen. Et gëtt Corner fir Leverkusen. De Florian Wirtz bréngt de Ball eran an de Jonathan Tah käppt de Ball aus 5 Meter an de Gol.

De Match geet dann och mat 3:2 fir Leverkusen op en Enn, dat domat an der Halleffinall vun der däitscher Coupe steet.

Ma och a Spuenien an an England goufen en Dënschdeg Matcher an der Coupe gespillt

Copa del Rey

Mallorca - Real Sociedad 0 -0

FA Cup

Plymouth Argyle - Leeds United 1:4 no Verlängerung
0:1 Gnoto (66'), 1:1 Galloway (78'), 1:2 Summerville (97'), 1:3 Rutter (111'), 1:4 Hardle (Eegegol), (117')

Coventry City - Sheffield Wednesday 4:1
1:0 Palmer (3'), 1:1 Cadamarteri (10'), 2:1 O’Hare (50'), 3:1 O’Hare (56'), 4:1 Wright (58')

Southhampton - Watford 3:0
1:0 Mara (52'), 2:0 Mara (58'), 3:0 Adams (76')

Back to Top
CIM LOGO