
D’Fernandez huet d’Nummer 2 vun der Welt, d’Aryna Sabalenka, an 3 Sätz an der éischter Halleffinall eliminéiert (7:6, 4:6 a 6:4).
An der 2. Halleffinall huet d’Raducanu géint d’Griichin Maria Sakkari glat an 2 Sätz gewonnen, mat 6:1 a 6:4.

D’Raducanu steet am WTA-Ranking op Plaz 150, d’Leylah Fernandez op der 73.
D’Finall vun den Dammen ass e Samschdeg den Owend eiser Zäit geplangt.