No Attack op EkippebusLigue-1-Match tëschent Marseille a Lyon ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Dee fir e Sonndegowend ugesaten Duell tëschent Olympique Marseille an Olympique Lyon ass wéinst enger Attack op de Lyoner Ekippebus net ugepaff ginn.
© AFP/Christophe SIMON

Kuerz ier de Bus um Stadion zu Marseille agetraff ass, gouf dëse mat Steng beschmass, woubäi de Lyon-Trainer Fabio Grosso a säin Assistent blesséiert goufen. Op Fotoen a Videoen ass deemno ze gesinn, wéi de Grosso de Banneraum vum Stade Vélodrome mat bluddege Blessure betrëtt. Vum OL-President John Textor heescht et, den Trainer wier net uspriechbar gewiescht an en hätt Schierbelen am Gesiicht gehat.

De Coach vu Lyon Fabio Grosso hat nom Ugrëff e bluddegt Gesiicht.
De Coach vu Lyon Fabio Grosso hat nom Ugrëff e bluddegt Gesiicht.
© OL/AFP/Handout

Nieft dem Ekippebus sollen awer och dräi Busser mat Supportere vun Olympique Lyon mat Steng attackéiert gi sinn, woubäi eng Rei Fans liicht blesséiert goufen. Medieberichter no kéinten d’Busser net méi fir d’Réckfaart op Lyon genotzt ginn.

Bei den Dueller tëschent Marseille a Lyon kënnt et ëmmer nees zu Ausschreidungen tëschent de Fans. Am November 2021 misst de Match zu Lyon ofgebrach ginn, nodeems den deemolegen OM-Spiller Dimitri Payet vun enger Waasserfläsch um Kapp getraff ginn ass.

© AFP/CHRISTOPHE SIMON

Back to Top
CIM LOGO