Liichtathletik: NikloslafLiz Weiler gewënnt bei den Dammen, Nicolas Schneider bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien war déi 9. Editioun vum Nikloslaf zu Esch um Gaalgebierg.
9. Nikloslaf um Escher Gaalgebierg
Routwäiss, dat sinn d’Faarwen, déi zu Esch beim Nikloslaf dominéiert hunn.

Déi séierst Damm war d’Liz Weiler. Si huet sech virum Lena Kersch an der Gabrielle Kremer-Muller duerchgesat. Bei den Häre gouf et iwwer déi 6 Kilometer eng Victoire fir den Nicolas Schneider. Hie koum virum Philippe Hubo als 2. an den Alexis Bonnet 3. un.

PDF: Iwwerbléck mat de Resultater vum Nikloslaf

Back to Top
CIM LOGO