
De Stiermer, deen vun deenen Diddelenger op d’Grenz ausgeléint ass, krut elo vum Dokter Seil a vum Dokter Kayser confirméiert, datt net nëmmen d’Ausseband, ma och Kräizbänner eng erwëscht hunn, an eng Operatioun neideg ass.
De Luisi, deen an den 13 éischte Championnatsmatcher 9 Goler geschoss hat an de Mann vun der Allerronn bei deene Schwarz-Wäissen war, hat sech lo an der Preparatioun an engem Testmatch géint d’Eintracht vun Tréier blesséiert.