De Weekend an der Coque"LuxOpen" am Taekwondo mat Toppsportler aus de verschiddenste Länner

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den 11. Juni sinn d'Kadetten an d'Junioren am Asaz. E Sonndeg trieden dann d'Senioren un.
© AFP

De “LuxOpen” ass e wichtege Meeting an der Taekwondo-Welt, well een hei Weltrangpunkte sammele kann, an doduerch enger méiglecher Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller 2024 zu Paräis méi no komme kann. Dofir ass et net verwonnerlech, datt 791 Kämpfer aus der ganzer Welt, vun Argentinien iwwer Neiséiland a Jordanien, bis Spuenien, mat um Depart sinn. Aus Lëtzebuerger siicht sinn 13 Sportler, ee Kadett, dräi Junioren an néng Senioren, mat um Depart.

PDF: D'Schreiwes vun den Organisateuren

Back to Top
CIM LOGO