
An der éischter däitscher Bundesliga bei den Dammen gewannen XCYDE Angels mam Magaly Meynadier mat 84:57 géint Heidelberg. D’Lëtzebuergerin koum fir ronn 29 Minutten an den Asaz a konnt 13 Punkten, 4 Rebounds an 2 Assists realiséieren.
Am Pokal vun den Dammen gewënnt d’Tina Welter mat Frisch Auf Göppingen an engem spannende Match mat 27:26 géint Neckarsulmer. D’Lëtzebuergerin huet ronn 15 Minutte gespillt. Domadder steet Göppingen elo am Final 4 vum Pokal.