
Virun der Summerpaus ass d’Claire Faber eis leschten Invitée am Podcast „Drëtt Hallschent – de Sport-Talk“.
D’Haaptthema ass de ganz schwéieren Accident, deen d’Coureuse virun 2 Méint hat a bal mat hirem Liewe bezuelt huet.
An deem Kontext schwätze mir och iwwer den allgemenge Respekt, deen ee vis-à-vis vun deem anere soll am Stroosseverkéier hunn.
Een anert Thema ass den Ënnerscheed, deen et am Dammen- an am Häre-Vëlossport gëtt.
Dës Woch ass d’Claire Faber Invitée an eisem Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.
