
Manchester City - Burnley 5:0
Ënnert der Leedung vum De Bruyne huet Manchester City mat vill Ballbesëtz no Lächer an der Verteidegung vu Burnley gesicht. De Silva huet an der 16. Minutt déi éischt deck Chance leiegelooss, ier de Jesus mat engem flotte Solo am Strofraum an der 23. Minutt den 1:0 geschoss huet. Fir de Jesus war dat ewell den aachte Gol an de leschte 5 offizielle Matcher. Trotz der Iwwerleeënheet huet d’Ekipp vum Guardiola et duerno verpasst, de Virsprong weider auszebauen. Burnley ass am Match bliwwen an hat an der 48. Minutt duerch den Enderson d’Chance op den 1:1, ma säi Schoss ass baussen um Netz gelant. ManCity ass duerno endlech erwächt an huet Burnley du keng Chance méi gelooss. Duerch Goler vum Silva an der 52. Minutt, dem De Bruyne an der 61. Minutt, dem Selbstgol vum Long an der 73. Minutt an dem Eelefmeter vum Aguero an der 85. Minutt huet Manchester City souverän mat 5:0 géint Burnley gewonnen a steet domadder an der Aachtelsfinall vum FA Cup.
ManCity huet domadder weider d’Chance, fënnef Titelen dës Saison ze gewannen. Een huet ee scho mam Community Shield am Summer. Véier weiderer sinn nach méiglech: De Liga-Pokal, d’Premier League, d’Champions League an den FA Cup.
FC Arsenal - Manchester United 1:3
E Samschdeg hat scho Manchester United mat 3:1 beim FC Arsenal gewonnen an domadder den Ticket fir d’Aachteslfinalle geléist.
Dijon - Monaco 2:0
Beim AS Monaco geet et weider drënner an driwwer. Nom Out an der Franséischer Coupe hat ee sech dës Woch vum Trainer Thierry Henry getrennt. Amplaz ass de Leonardo Jardim komm. Dëse souz bis 2018 schonn emol um Trainerstull zu Monaco an hat 2017 mam Veräin de Championstitel gewonnen. Déi Responsabel hoffen elo mat him nach d’Kéier ze kréien an net an d’Ligue 2 ofzesteigen. Um Samschdeg gouf et allerdéngs eng weider Defaite. Zu Dijon huet ee mat 0:2 verluer. Vun der 60. Minutt un hat ee wéinst enger rouder Kaart vum Naldo missen an Ënnerzuel spillen.
Racing Stroossbuerg - Girondins Bordeaux 1:0
De Racing Stroossbuerg spillt weider ëm déi international Plazen. E Samschdeg den Owend huet ee mat 1:0 duerch e Gol vum Lala an der Nospillzäit géint Girondins Bordeaux gewonnen. Doduerch bleift een St. Etienne op der 4. Tabelleplaz drunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - Levante 5:0
Kuerze Prozess huet e Samschdeg den FC Sevilla mat Levante gemaach. D’Lokalekipp huet souverän mat 5:0 gewonnen. No den éischte 45 Minutte stoung et nach 0:0. Duerch Goler vu Yedder, Silva, Vazquez, Sarabia a Promes huet een an der zweeter Hallschent awer fir kloer Verhältnisser gesuergt.
Atlético Madrid - Getafe 2:0
Atlético Madrid bleift am spuenesche Championnat u Barcelona drun. Den Tabellenzweeten huet e Samschdeg mat 2:0 géint Getafe gewonnen. Déi decisiv Goler hunn de Griezmann an der 27. Minutt an den Niguez an der 37. Minutt geschoss. Kuerz viru Schluss war et Hëtzeg ginn an der Partie a Getafe krut mam Djené a mam Saiz zwee Spiller vum Terrain gesat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
AC Mailand - SSC Neapel 0:0
Tëscht dem AC Mailand an dem Tabellenzweeten SSC Neapel gouf et een 0:0-Remis. Keng u béiden Ekippe konnt den decisive Gol markéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
A Portugal war e Samschdeg den Owend d’Finall vun der Coupe. Den FC Porto an de Sporting CP stounge sech hei géigeniwwer. Nodeems et no 90 Minutten 1:1 gläich stoung an och an der Verlängerung keng Decisioun gefall ass, huet Sporting de Match no Eelefmeterschéisse mat 4:2 gewonnen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga