
An England gouf en Donneschdeg déi zweet Halleffinall vum EFL Cup gespillt, aktuell och bekannt als Carabao Cup oder League Cup. Hei spillen d’Ekippen aus de véier héchsten englesche Ligue géinteneen an de Gewënner qualifizéiert sech fir d’Uefa Europa League.
Nodeems Manchester City sech e Mëttwoch den Owend géint Burton fir d’Finall qualifizéiert hat, huet um Donneschdeg Chelsea deen zweeten Ticket geléist. Si hu sech no Eelefmeterschéisse géint Tottenham fir d’Finall qualifizéiert.
No der 1:0-Victoire vun Tottenham Hotspur géint Chelsea am Allersmatch war et en Donneschdeg ee ganz spannende Retourmatch. No der éischter Hallschent loung Chelsea duerch Goler vum Kanté an der 27. Minutt an dem Hazard an der 38. Minutt mat 2:0 a Féierung. No der Paus konnten d’Gäscht duerch de Llorente an der 50. Minutt op 1:2 verkierzen. Domadder stoung et no den zwee Matcher 2:2 tëscht béiden Ekippen an et huet missen an d’Verlängerung goen. An dësen zousätzleche Minutten ass weder Chelsea nach Tottenham e Gol gegléckt, sou datt d’Decisioun um Enn vum Punkt gefall ass. D’Ekipp vum Sarri huet hei 4 Mol getraff am Géigesaz zu de Gäscht, déi nëmmen zweemol vum Punkt getraff hunn. Domadder steet Chelsea an der Finall. De Géigner ass hei Manchester City.
En Donneschdeg war den Tirage vun den Aachtelsfinalle an der Coupe de France. Den FC Metz, de Veräin vum Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans, kritt et do mat Orléans ze dinn. Metz ass aktuellen Tabelleleader an der Ligue 2, Orléans kënnt an där selwechter Liga op déi 12. Plaz.
Den Tabellenéischte vun der Ligue 1 Paris St Germain muss iwwerdeems op Villefranche aus der National 2 an den 3. an der Tabelle, Olmypique Lyon kritt et mam Tabelleleschte Guingamp ze dinn. D’Aachtelsfinalle vun der Coupe de France ginn de 5. a 6. Februar gespillt.