
Nieft den internationalen Top-Ekippe waren um Samschdeg och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Asaz. Den Iwwerbléck vun den FLF-Spiller fannt Dir hei. An och an der Bundesliga gouf gespillt. Bayern klappt Bremen an Dortmund gewënnt ënner anerem géint Hertha BSC.
Leeds United - Chelsea London 0:0
Een enttäuschenden 0:0-Gläich fir Chelsea beim Opsteiger Leeds United. D’Ekipp vum Thomas Tuchel hat wuel méi vum Match, zwéngend offensiv Aktioune waren alles an allem awer net ze gesinn. Leeds hätt mam Raphina an dem Roberts sengem Schoss op d’Lat selwer kéinten a Féierung goen, e Gol sollt um Samschdeg de Mëtteg an dëser Partie awer kee falen, sou dass béid Ekippe sech mat 1. Punkt mussen zefridde ginn.
FC Everton - FC Burnley 1:2
0:1 Wood (13'), 0:2 McNeil (24'), 1:2 Clvert-Lewin (32')
FC Fulham - Manchester City 0:3
0:1 Stones (47'), 0:2 Gabriel Jesus (56'), 0:3 Aguero (60')
Huet sech Manchester City an der Ufanksphas nach méi schwéier gedoe mat der Devensiver Spillweis vu Fulham, sou ass am Laf vun deenen éischte 45 Minutten den Drock vum Favorit ëmmer méi grouss ginn. D’Lokalekipp krut sech awer nach mat engem 0:0-Gläich an d’Paus gerett. Stones, Jesus an Aguero hunn an der 2. Hallschent de Bann gebrach a sou gewënnt City verdéngt mat 3:0 géint Fulham.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sassuolo Calcio - Hellas Verona 3:2
1:0 Locatelli (4'), 1:1 Lazovic (43'), 2:1 Djurucuc (51'), 2:2 Dimarco (79'), 3:2 Traore (81')
An enger Partie an där et hin an hier gaangen ass, ka sech um Enn d’Lokalekipp mat 3:2 duerchsetzen. An der Tabell ka Sassuolo Hellas Verona iwwerhuelen a steet elo op der 8. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Olympique Marseille - Stade Brest 3:1
1:0 Milik (45+1'), 1:1 Brassier (71'), 2:1 Thauvin (88'), 3:1 Cuisance (90+2')
No der Féierung vum Milik ass et Brest gelongen, de Match Mëtt der zweeter Hallschent erëm auszegläichen. Wou jidderee geduecht huet, de Match géif mat engem Remis op en Enn goen, hunn den Thauvin an de Cuisance an deene leschte Minutten zougeschloen. Esou gewënnt Marseille trotz manner Ballbesëtz awer opgrond vun de bessere Chancen net onverdéngt mat 3:1 géint Brest.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - FC Elche 2:1
0:1 Dani Calvo (61'), 1:1 Benzema (73'), 2:1 Benzema (90+1')
Real Madrid kann dem Karim Benzema Merci soen, dass déi Kinneklech sech net géint Elche blaméiert hunn. De 17. an der Tabell ass an der 61. Minutt emol net ganz onverdéngt a Féierung gaangen. Zemools an der 1. Hallschent ass Elche mat enger stabiller Defense ëmmer erëm duerch Konteren deels geféierlech virum Madrider Gol opgedaucht. Real Madrid war trotz allem awer déi besser Ekipp an ass duerch de Benzema an der 73. Minutt zum Ausgläich komm. An der Nospillzäit huet de Stiermer du mat engem fantastesche Gol aus ronn 16 Meter de Match zu Gonschte fir Real Madrid entscheet.
Getafe - Atl. Madrid 0:0
Den Tabellenéischten ass virun allem an der 1. Hallschent opgetruede wéi e Champion an huet Getafe net an de Match komme gelooss. Eenzeg e Gol huet gefeelt. Nom Säitewiessel ass Getafe awer du méi aktiv ginn an huet de Wee no vir gesicht. De Ünal ass awer um Oblak hänke bliwwen. An der 63. Minutt ass de Ball dunn am Netz vu Getafe gelant, de VAR huet de Gol awer berechtegterweis annuléiert. Atletico war gewollt, de Match onbedéngt ze gewannen, a si virun allem mam Dembelé ëmmer erëm geféierlech am Siechzéngter opgedaucht. E Gol sollt an dësem Match awer net méi falen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga