
A 26 Joer Profi-Boxen stoung de Pacquiao fir 72 Kämpf am Rank, dovunner konnt hien der 62 gewannen, 8 Mol huet hie verluer an da gouf et zwee Remisen. Vu sengen 62 Victoirë waren der 39 duerch K.O. an 23 no Punkten. Hien huet 12 Weltmeeschtertitele gewonnen.
Den 42 Joer ale Pacquiao gëllt als ee vun de beschte Boxer vun allen Zäiten. Zanter 2010 ass hie politesch aktiv an der aktueller Regierungspartei, der Mëtt-lénker PDP-Laban Partei.
Viru gutt enger Woch hat hie jo annoncéiert, datt hie President vun de Philippinnen wéilt ginn.