Drëtt Hallschent, de Sport-TalkMarc Oberweis an Eric Hoffmann

Jeff Kettenmeyer
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm d'EM-Campagne vun de roude Léiwen.
© Val Wagner

D’Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp huet d’Europameeschterschaftsqualifikatioun mat 17 Punkten ofgeschloss. Nach ni huet eng FLF-Formatioun méi Punkte geholl.

Am Podcast Drëtt Hallschent zitt de Jeff Kettenmeyer mat den RTL-Experten a fréiere Nationalspiller Marc Oberweis an Eric Hoffmann de Bilan.

Nieft deem Sportleche geet et awer och ëm ee méiglechen neie Kontrakt vum Luc Holtz, enger Partie Niewegeräischer wärend dëser Campagne a wéi eng Spiller um Terrain besonnesch erausgestach hunn.

Donieft kucken déi Dräi awer och schonns no vir op de Playoff vun der Nations League, deen am Mäerz gespillt gëtt.

An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm d’EM-Campagne vun de roude Léiwen.

Back to Top
CIM LOGO