
E perfekten Ofschloss vun enger ganz staarker Saison gouf et e Samschdeg am Schi Alpin fir de Marco Odermatt. De Schwäizer huet bei der Finall am Weltcup zu Courchevel seng fënneft Victoire am Riseslalom gefeiert an domadder gutt Form nach emol ënnerstrach an dësem Wanter. Hannert dem Olympiagewënner vu Peking ass den Norweger Lucas Braathen op déi 2. Plaz gefuer (+0,49 Sekonnen), dem Odermatt säi Landsmann Loic Meillard huet de Podium (+0,63) komplettéiert.
Scho virun der Course stoung den Odermatt als Gewënner vum Riseslalom-Weltcup fest.
Bei den Dammen ass e Samschdeg e Slalom gefuer ginn. Hei huet sech d’Slowenin Andreja Slokar d’Victoire geséchert. Si hat eng Avance vun 0,48 Sekonnen op d’Lena Dürr aus Däitschland. D’Petra Vlhova hat als 3. e Retard vun 81 Honnertstel. D’Vlhova stoung virum leschte Slalom vun der Saison schonn als Gewënnerin vum Slalom-Weltcup fest.