
Um virleschte Weekend vun der Saison 2021/22 kann de Marco Odermatt sech mat enger drëtter Plaz de Gesamtweltcup am Schi Alpin sécheren. Hien huet virum leschte Weekend eng däitlech Avance op den Aleksander Kilde an de Gewënner vum Sonndeg, den Henrik Kristoffersen, a kann domadder just nach theoretesch agefaange ginn.
Am Riseslalom zu Kranjska Gora a Slowenien war den Norweeger Henrik Kristoffersen no zwee Duerchgäng dee Séiersten a verweist den Éisträicher Stefan Brennsteiner (+ 0,23 s) an de Marco Odermatt (+ 0,27 s) aus der Schwäiz op d’Plazen 2 an 3.
Déi nächst Woch steet bei den Häre wéi bei den Dammen déi grouss Finall um Programm.