
An engem immens spannende Sprangen huet sech den Norweger Marius Lindvik d’Goldmedail op der grousser Schanz geséchert. Mat sengem Sprong op 140 Meter huet den Norweger am 2. Duerchgang de Japaner a Goldmedail-Gewënner vun der normaler Schanz Ryoyu Kobayashi nach iwwerholl a steet domat ganz uewen um Podium. De Kobayashi gewënnt Sëlwer.
Op déi 3. Plaz spréngt de Karl Geiger. Den aktuell Éischten am Gesamtweltcup huet sech vun der 6. Plaz nach op déi 3. Plaz no vir gekämpft a wënnt seng éischt Medail bei dësen Olympesche Wanterspiller.