VikersundMarius Lindvik gewënnt WM am Schifléien

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger Marius Lindvik huet sech e Samschdeg zu Vikersund zum weltbeschte Schifléier gekréint.
© AFP

De Marius Lindvik (854,20 Punkten) ass neie Weltmeeschter am Schifléien. Den Olympiagewënner vun der grousser Schanz huet sech zu Vikersund an Norwegen no véier Spréng iwwer zwee Deeg virum Timi Zajc (844,30 Punkten) aus Slowenien duerchgesat. De Stefan Kraft (837,50 Punkten) aus Éisträich ass Drëtte ginn.

Back to Top
CIM LOGO