
De Club betount, dass de Massimo Tarantini a senger Roll als Spiller fir vill Titele fir Stroossen gesuergt hätt. Säin Adjoint gëtt de Ralf Lentz, deen awer och weider wäert Spiller bleiwen.
Den Tarantini selwer huet jorelaang zu Stroossen an och an der Nationalekipp gespillt a war Trainer vun der Dammenekipp vum Chev Dikrech, déi 2. gi sinn an der Coupe a Championnat.