De Grand-Duc Henri huet eng grouss Passioun fir de Sport. De Staatschef ass och Member vum Internationalen Olympesche Comité. D’Kompetitioune vun de Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler huet hien zu Paräis bis elo enk suivéiert a war selwer als Supporter zesumme mat der Grande-Duchesse, wa Lëtzebuerger am Asaz waren, dobäi.
Olympesch Spiller no u Lëtzebuerg
“An de Stadie gesäit een iwwerall Lëtzebuerger Fändelen”, esou de Grand-Duc am Interview. D’Olympesch Spiller wieren eng schéi Vitrinn fir Lëtzebuerg an och besonnesch wichteg fir d’Sportlerinnen an d’Sportler.
“Mat 13 Athleten hu mer eng formidabel Ekipp”, esou de Staatschef.
D’Ni Xia Lian wier extraordinär a weltbekannt. De Grand-Duc mécht kee Geheimnis draus, dass hien e grousse Fan vun der Dëschtennisspillerin ass. Dat wier fir hien och de schéinste Moment bis elo gewiescht, den historesche Moment, wéi d’Lëtzebuergerin géint d’Nummer 1 op der Welt am Dëschtennis gespillt huet.
“Si hat just Freed fir ze spillen, si wousst, dass se keng Chance hätt, mee et huet ee gesinn: Si huet gestraalt.”
Dat wier e ganz flotte Moment gewiescht, an dem ee gesinn hätt, wat eigentlech d’Valeure vum Sport sinn.
Am Interview huet de Grand-Duc Henri och iwwert seng Aarbecht als Member vum Internationalen Olympesche Comité geschwat. Wou hie besonnesch frou ass, dass et zanter Rio eng Flüchtlingsekipp gëtt.
D’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller fannt Dir hei.
LINK: Klickt hei, fir op de ganzen Olympia-Dossier ze kommen.