De Josy Simon ass e groussen Numm an der Lëtzebuerger Sport-Kultur. Zanter méi wéi 60 Joer gehéiert d’Beweegung zu sengem Liewen. Fir d’éischt de Vëlo, dann d’Marsch (séier trëppelen) an zanter ronn 10 Joer och d’Lafen.
Medailen a Coupen huet hien der nawell vill gewonnen. Weltmeeschter-Titelen a senger Alterskategorie och. Leschte Samschdeg, mat 89 Joer, huet de fréieren DP an ADR-Deputéierte fir d'9. Kéier um ING Marathon deelgeholl an ass do net de Semi-, mä de ganze Marathon gelaf.
Eng RTL-Ekipp huet de Lëtzebuerger Hobby-Sportler een Dag virum Marathon beim Trainéieren an der Stad getraff an erzielt kritt, wat säi Liewenselixir ass.