Wéinst den EuropawalenMatch vun de Roude Léiwe géint d'Belsch op den 8. Juni virverluecht

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball sollt d'Lëtzebuerger Nationalekipp den 9. Juni ee Frëndschaftslännermatch géint d'Belsch spillen.
© Val Wagner (Archiv)

D’FLF-Formatioun sollt um 16 Auer zu Bréissel géint d’Ekipp vum Trainer Domenico Tedesco spillen. Wéinst den Europawalen ass de Match awer op den 8. Juni um 20 Auer virverluecht ginn, well déi néideg Sécherheetsmesurë soss net erfëllt kënne ginn.

Et ass dee leschte Match virun der EM an Däitschland. D’Belsch si qualifizéiert, d’Lëtzebuerger kréien hir Chance iwwer d’Nations-League-Playoffs am Mäerz.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO