Géint 4.30 Auer e Sonndeg de Moien eiser Zäit hat de Lëtzebuerger Matthieu Osch am Riseslalom säin éischten Optrëtt op den Olympesche Wanterspiller zu Peking. Bei schwierege Wiederkonditiounen ass hien um Enn den 28. ginn. No der éischter Manche louch de Lëtzebuerger op der 34. Plaz.
De Schwäizer Marco Odermatt huet sech d’Goldmedail geséchert. Den Zan Kranjec aus Slowenien (+0,19 Sekonnen) koum op déi zweet Plaz an de Fransous Mathieu Faivre (+1,34 Sekonnen) gouf Drëtten. De Matthieu Osch hat no den 2 Leef e Retard vun iwwer 17 Sekonnen op den Olympiagewënner.
Den Odermatt huet an dëser Saison véier vu fënnef Riseslalomen am Weltcup gewonnen.
Bei schwierege Wiederkonditiounen (vill Neischnéi an Niwwel) am National-Alpine-Skiing-Centre zu Yanqing si vill Athleten ausgefall. Vun den 89 Schifuerer sinn der just 54 den 1. Laf op en Enn gefuer. Si duerften alleguer am 2. Laf starten.
E Mëttwoch de Moie fréi eiser Zäit ass de Matthieu Osch da beim Slalom am Asaz.