VancouverMedezinsstudentin rett Persoun wärend Äishockeymatch wuel d'Liewen

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Responsabele fir d'Material bei enger vu béiden Ekippen huet d'Zuschauerin e verdächtege Liewerfleck entdeckt an hien drop opmierksam gemaach.
© Vancouver #Canucks / Twitter

Mat Hëllef vun engem Bréif hat de Veräin, d’Vancouver Canucks, op de soziale Medien no der Liewensretterin gesicht. De Brian Hamilton wollt iwwert dëse Wee der jonker Fra Merci soen, déi hien op de Liewerfleck um Hals opmierksam gemaach huet an och glécklecherweis dowéinst bei den Dokter goung.

Déi 22 Joer jonk Medezinsstudentin Nadia Popovici hat den Hamilton, deen um Rand vum Spillfeld war, mat enger Noriicht op hir wichteg Entdeckung opmierksam gemaach. Sie huet him geschriwwen, dass de Fleck hannen op sengem Hals eventuell kriibserreegend ass an dass hie bei en Dokter goe sollt.

Bei der Ënnersichung beim Dokter huet sech de Fleck tatsächlech als malignese Melanom, och nach schwaarzen Hautkriibs, erausgestallt. De béisaartege Tumor gouf vun den Dokteren ewechgeholl.

Bei engem weidere Match, bei deem d’Popovici nees present war, huet den Hamilton senger Retterin nach eemol an aller Form Merci gesot a krut och vu béiden Ekippen 10.000 Dollar, fir hire Studium ze finanzéieren, geschenkt.

Back to Top
CIM LOGO