DammefuttballMeeschterdecisioun verréckelt - Hesper klappt de Racing

RTL Lëtzebuerg
Um virleschte Spilldag konnt Hesper doheem 2:0 gewannen, de Racing huet weider 2 Punkten Avance. Entente Housen/FF Norden muss ofsteigen.
© Archiv

D’dësjäreg Titelverdeedegung gëtt fir de Racing net esou einfach. Um zweetleschte Spilldag hätt d’Decisioun fale kënnen, mee den Zweetplacéierten Hesper huet de Racing mat engem 2:0 heemgeschéckt. Hesper war dozou verdaamt, ze gewannen, well och e Gläichspill wär dem Swift net duergaangen, fir de Racing nach vum Troun ze stoussen. Sou kënnt et nächste Weekend zu engem Fernduell ëm d’Meeschterkroun. D’Ekipp vum Verluerekascht huet 2 Punkte Kreditt.

Ell huet sech duerch den 3:1 géint Jonglënster déi drëtt Plaz geséchert.

An der Ofstigsgrupp war e Samschdeg schonn de leschte Spilldag. Hei huet sech decidéiert, wien direkt ofsteigt a wien an d’Relegatioun muss. Well béid Kandidaten, d’Entente Housen/FF Norden a Mäertert-Waasserbëlleg, hir jeeweileg Matcher verluer hunn, bleift et bei der Ausgangskonstellatioun. Housen steet op der leschter Plaz a steigt direkt of, Mäertert-Waasserbëlleg ka sech nach an der Relegatioun retten. Den drëtte Match tëscht Déifferdeng an der Entente WMGB huet net stattfonnt, well WMGB Forfait erkläert hat.

Tabell

Back to Top
CIM LOGO