FLF-KongressMéi Invest an den Dammefuttball, en drëtt Gebai zu Monnerech

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war zu Rëmerschen den 105. Kongress vun der Futtballfederatioun.
© Serge Olmo

Den 105. Kongress vun der FLF gouf zu Rëmerschen ofgehalen.

E Samschdeg war zu Rëmerschen den 105. Kongress vun der Futtballfederatioun. Et gouf erwaart, datt et e rouege géif ginn, dat war et och. En huet och nëmme ronn 75 Minutte gedauert.

Ervirzehiewen ass, datt de Veräiner am November e Referendum ënnerbreet wäert ginn, fir vun der Saison 2024-2025 un, iwwer zwou Saisonen, vu 16 op 14 Veräiner erofzegoen.

2026-2027 wieren et dann nees 14 Veräiner, nodeem 2025-2026 mat 15 Veräiner kéint gespillt ginn. Dat concernéiert net nëmmen déi héchst Divisioun, awer och natierlech dës, wat fir vill Gespréichsstoff kéint suergen.

Et hate sech esouwuel den Nach-Sportminister Georges Engel, grad ewéi de President vum COSL André Hoffmann entschëllegt. Present ware Representante vu FIFA an UEFA.

De President vun der FLF Paul Philipp ass am Ufank vum Kongress op de sportleche Volet ze schwätze komm. De President huet, wéi ganz vill Supporter, d’Defaite géint d’Slowakei nach net verdaut, dat am Kader vun der EM-Qualifikatioun.

Et gouf villes iwwert d’Futtballschoul erzielt. Ganz intressant war d’Informatioun, datt virun 3 Wochen offiziell gouf, datt zu Monnerech, um Site vun der Futtballschoul, e grousst drëtt Gebai gebaut gëtt mat haaptsächlech Vestiairen.

Allgemeng ass d’Ausbildung vun den Trainer an de Fokus gestallt ginn. Am Exercice 2022-2023 kënnen iwwer eng Millioun EURO un d’Veräiner verdeelt ginn.

Fir den nächsten Exercice gëtt ugestrieft den Equiliber ze halen. Et soll deemno net méi ausgi ginn, wéi dat wat era kënnt.
Et ass also gutt méiglech, datt manner wäert un d’Veräiner verdeelt gi wéi beim aktuellen Exercice.

Allgemeng sinn d’Ausgabe fir d’Reese vill méi héich wéi déi Saison virdrun, an et gëtt 5 bis 6 Mol méi an den Dammefussball investéiert.

D’Statute sollen allgemeng an Zukunft op de Leescht geholl ginn.

D’Joresberichter sinn all ugeholl ginn, déi allermeeschten ouni Géigestëmm. De Budget 22-23, wéi och dee vum Exercice 23-24 sinn ouni Diskussioun unanime ugeholl ginn. Och beim Unhuele vun de verschiddene Modifikatiounen bei de Reglementer goufen et keng Diskussiounen.

Back to Top
CIM LOGO