Darts-WMMichael Smith spillt an der Finall géint de Peter Wright

RTL Lëtzebuerg
De Michael Smith konnt sech an der 1/2-Finall mat 6:3 géint den James Wade duerchsetzen, iwerdeems de Peter Wright de Gary Anderson mat 6:4 klappt.
© AFP (ARCHIV)

De Michael Smith, déi aktuell Nummer 9 op der Welt, konnt déi éischt 2 Sätz kloer fir sech entscheeden. Mëtt vum 3. Saz ass “The Machine” James Wade dunn un d’Rulle komm an huet sech den 3 Saz gekroopt. De Wade hat beim Stand vun 1:2 ee Setdart fir den 2:2, konnt dësen awer net notzen. Et hätt en an der Suite kuerz kéinte mengen de Smith géing un d’Schwanke kommen, mee dem Wade huet wärend dem ganzem Match den néidegen Touch gefeelt sou dass hien den “Bully Boy” ni richteg ënner Drock setze konnt.

Um Enn gewënnt de Michael Smith verdéngt mat 6:3. De James Wade packt et domat och a senger 4. Halleffinall net an d’Finall, de Fluch vum Englänner geet am Ally Pally also weider, iwwerdeems de “Bully Boy” fir déi zweete Kéier no 2019 an der Finall vun der PDC Darts-WM steet.

An der zweeter Halleffinall ass de “Snakebite” Peter Wright besser an de Match komm a louch séier mat 3:0 an de Sätz a Féierung. Am Verglach zum Anderson huet de Weltmeeschter vun 2020 immens effizient gespillt. De Gary Anderson huet de Kapp awer net hänke gelooss an huet sech sengersäits d’Sätz 4 a 5 gekroopt. Domat war de “Flying Scotsman” nees zeréck am Match.

Am 6 Saz hu béid Spiller sech een epesche Krimi gebueden, d'180 ass am Minuttentakt gefall. Et war e Match op héichklassegem Niveau, bei där sech “The Snakebite” mat 4:2 an de Sätz konnt ofsetzen. Am 8 Saz verpasst den Anderson de Setdart zum Remis, de Wright bleift cool a notzt seng Chance: 5:3 an de Sätz.

Wärend de Match sech am 10 Saz am 42. Leg zougespëtzt huet, ass e neie Weltrekord gefall. Nach ni huet e Spiller an engem Best of 11 Sets Match iwwer 22 mol d'180 geschoss, de Peter Wright sollt dese Rekord mat 24 knacken. Wahnsinn! Kuerz dorop sollt de “Snakebite” de Sak dunn zoumaachen, an zitt mat engem 6:4 an d’Finall an. Wat e Match.

D’Finall gëtt dann e Méindeg den Owend am Ally Pally gespillt.

Back to Top
CIM LOGO