BGL LigueMiersch an Hesper trenne sech 2:2, de Racing klappt Monnerech

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum 14. Spilldag am nationale Futtball-Championnat.

No der däitlecher Victoire géint d’Jeunesse huet Miersch och géint Hesper gutt dogéint gehalen. An enger éischter Hallschent ouni vill geféierlech Aktiounen kruten d’Spectateure virun allem vill Zweekämpf ze gesinn, allerdéngs wéineg dovun an de Strofraim. Kuerz nom Säitewiessel konnt de Stolz dunn d’Féierung fir Hesper markéieren, ma just 10 Minutten drop huet de Rodrigues da Cruz mat engem Distanzschoss nees op 1:1 gestallt. Nom spéide Gol vum Meyong huet et dunn dono ausgesinn, wéi wa Miersch d’Iwwerraschung géif geléngen. Ma den Deville hat eppes dogéint an huet an der Nospillzäit ausgeglach, woumat d’Partie no enger verréckter Schlussphas 2:2 op en Enn gaangen ass.

Monnerech ass net schlecht aus de Kabinne komm, ma de Racing war vun Ufank un enorm effizient a konnt mat senger éischter Chance duerch de Buch a Féierung goen. Och an der Suite hat Monnerech Geleeënheeten op den Ausgläich, ma nees war et de Buch, deen op der anerer Säit de Ball am Filet ënnerbruecht huet. Nach virun der Paus huet de Stater Racing duerch den Dewalque an de Buch op 4:0 gestallt an d’Partie entscheet.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Marisca Miersch - Swift Hesper 2:2
0:1 Stolz (49'), 1:1 Rodrigues da Cruz (60'), 2:1 Meyong (88'), 2:2 Deville (90+4')

Jeunesse Esch - Union Titus Péiteng 0:0

FC Monnerech - Racing Union Lëtzebuerg 0:4
0:1 Buch (10'), 0:2 (26'), 0:3 Dewalque (42'), 0:4 Buch (43')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO