HandballMiodrag Jelicic gëtt neien Trainer vun de Käerjenger Hären

RTL Lëtzebuerg
De Miodrag Jelicic ass 46 Joer al an huet déi däitsch Nationalitéit.

Hien huet als Spiller bei folgende Clibb gespillt: a Kroatien bei RK Zadar (2. Liga), a Serbien bei Dubočica (1. Liga) a Partizan Belgrad (1. Liga), a Polen bei Piekary Slaskie (1. Liga) an an Däitschland bei HSG Völklingen a VTZ Zweibrücken (3. Bundes-Liga).

Als Trainer war hie bis elo bei TV Homburg, TBS Saarbrücken, HK Dudweiler an HK Püttlingen. Hien war dës Saison schonns Trainer vun der U19 vu Käerjeng, esou wéi Assistenz-Trainer vun den Hären.

Back to Top
CIM LOGO