
Atletico Madrid huet a Spuenien onerwaart zu Bilbao verluer. Neapel huet sech an der Serie A géint Cagliari duerchgesat.
An der Bundesliga huet Dortmund zu Augsburg just Remis gespillt.
Chelsea - Sheffield United 2:0
1:0 Palmer (54'), 2:0 Jackson (61')
Chelsea huet sech an der Partie géint Sheffield an der 2. Hallschent däitlech gesteigert an um Enn verdéngt mat 2:0 gewonnen. Nom Säitewiessel war Chelsea méi aktiv an huet zwee Goler a 7 Minutte markéiert. Kuerz viru Schluss hätt och den 3. Gol misse falen. De Broja huet awer aus ronn 3 Meter iwwert den eidele Gol geschoss. Chelsea bleift weiderhin an der Mëtt vun der Tabell.
Manchester City - Crystal Palace 2:2
1:0 Grealish (24'), 2:0 Lewis (54'), 2:1 Mateta (76'), 2:2 Olise (90+5', Eelefmeter)
Fir Manchester City leeft et den Ament an der Premier League net gutt. Géint Crystal Palace war d’Ekipp vum Pep Guardiola ronn eng Stonn iwwerleeën an duerch Goler vu Grealish a Lewis 2:0 vir. D’Heemekipp huet de Fouss awer ze fréi vum Gas geholl an d’Gäscht si méi staark ginn. Nom Gol vum Mateta huet Crystal Palace alles probéiert. D’Ekipp vum Roy Hodgson gouf dann an der Nospillzäit belount. Den Olise huet no engem Eelefmeter nach ausgeglach. Manchester City läit no deem Remis just nach op der 4. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Neapel - Cagliari 2:1
1:0 Osimhen (69'), 1:1 Pavoletti (72'), 2:1 Kvaratskhelia (75')
No der 1. Hallschent ouni Goler ass de Favorit ronn 20 Minutte viru Schluss a Féierung gaangen. D’Gäscht hunn awer kuerz drop ausgeglach. Neapel ass doropshin op en Neits e Gol gelongen an huet e verdéngten Erfolleg gefeiert. Neapel klëmmt op déi 4. Plaz an der Tabell, huet awer e Match méi wéi déi aner Ekippen, déi hannendru leien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Bilbao - Atlético Madrid 2:0
1:0 Guruzeta (51'), 2:0 Williams (64')
E Réckschlag an der Lutte ëm de Meeschtertitel gouf et och fir Atlético Madrid zu Bilbao. D’Heemekipp war de ganze Match iwwerleeën an hätt schonn an der 1. Hallschent Goler markéiere missen. Den Oblak am Gol huet awer e Réckstand fir Atlético verhënnert. Nom Téi ass Bilbao fir den Opwand belount ginn an huet zwee Goler geschoss. D’Gäscht hunn an der Tabell op der 3. Plaz 7 Punkte Retard op de Leader Girona. Bilbao läit op der gudder 5. Plaz.