BundesligaLeipzig klappt Hoffenheim, Dortmund just mat Remis

RTL Lëtzebuerg
E wichtege Succès gouf et fir Bochum géint Union Berlin. Wolfsburg huet sech donieft nach zu Darmstadt duerchgesat. Mainz huet géint Heidenheim verluer.
© MICHAELA REHLE/AFP

Dortmund huet zu Augsburg just 1:1 gläich gespillt. D’Heemekipp huet an den éischte 45 Minutte mat Dortmund op Aenhéicht gespillt an ass verdéngt an der 23. Minutt duerch den Demirovic a Féierung gaangen. De BVB huet awer och Akzenter am Spill no vir gesat a konnt nach virun der Paus duerch de Malen ausgläichen. An der zweeter Hallschent hate béid Ekippe geféierlech Chancen. Den Tietz an de Beljo waren ze onprezis mat hiren Ofschlëss. Bei de Gäscht huet ënner anerem de Füllkrug den eidele Gol mat engem Kappball net getraff. Um Enn hëlleft de Punkt weder Augsburg nach Dortmund weider, fir an der Tabell no vir ze kommen.

Mainz huet eng onnéideg 0:1-Defaite géint Heidenheim missen astiechen. De Leandro Barreiro stoung wéinst enger Muskelverletzung net am Kader. Mainz war an der 1. Hallschent déi dominant Ekipp an huet sech gutt Chancen erausgespillt. D’Heemekipp ass awer ëmmer nees um Heidenheimer Golkipp hänke bliwwen. Op der anere Säit ass de Gäscht ee geféierleche Fräistouss duergaangen, fir den 1:0 ze markéieren. De Pieringer hat de Ball am Filet ënnerbruecht. Och nom Säitewiessel huet Mainz sech vill Méiglechkeeten erausgespillt, e Gol sollt awer net méi falen. Heidenheim konnt sech mat der Victoire aus dem Tabellekeller erausschaffen. Mainz bleift mat 9 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

An enger schwaacher Partie huet Darmstadt doheem mat 0:1 géint Wolfsburg verluer. An der 27. Minutt krut de Wolfsburger Lacroix déi rout Kaart gewisen. An der Suite ass et Darmstadt net gelongen, geféierlech virun de Wolfsburger Gol ze kommen. D’Gäscht stoungen an der Ofwier kompakt, hunn awer mat 10 Mann selwer kaum Geleeënheeten erausgespillt. Trotzdeem sinn d’Gäscht an der 63. Minutt duerch de Majer a Féierung gaangen. Dee knappe Virsprong huet Wolfsburg bis zum Schluss verdeedegt.

Bochum huet sech doheem mat 3:0 géint Union Berlin behaapt. Bochum war iwwer de ganze Match déi besser Ekipp. Asano, Paciencia a Stöger per Eelefmeter hunn d’Goler fir d’Haushäre markéiert.

Am Owesmatch huet RB Leipzig 3:1 géint Hoffenheim gewonnen. D’Heemekipp war duerch de Klostermann a Féierung gaangen, mee Hoffenheim huet virun der Paus duerch de Kabak ausgeglach. An der 66. Minutt ass de Forsberg agewiesselt ginn an huet fir vill Gefor gesuergt. An der 70. Minutt ass him dem 2:1 gelongen an den 3:1 duerch de Simakan huet de Schwed virbereet. Um Enn sollt et bei der verdéngter Victoire fir d’Heemekipp bleiwen.

Hei fannt Dir d’Resultater aus den aneren internationale Ligen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO