DiddelengNationaalt Championnat am Westernreiden

RTL Lëtzebuerg
Dee leschte Weekend war an der Ecurie Hoffmann zu Diddeleng dat nationaalt Championnat am Westernreiden.
Nationaalt Championnat am Western Reiden
Charakteristesch fir Westernreiden ass wéi d’Päerd mat oder nach besser ouni Zigel gefouert gëtt. Meeschtens just mat enger Hand.

Méi speziell nach: an der Disziplin genannt Reining. Fir erauszefannen, wat et domat op sech huet, war de Régis Thill fir eis op Diddeleng.

Grouss Hitt a Stiwwelen, dat ass d’Markenzeeche vun de Westernreider a Reiderinnen. Mee de Begrëff Cowboys passt net op si. Reining ass e ganz eeschte Sport, am Fong Dressur mat Westernpäerd. Dobäi kann et ganz spektakulär zougoen. Sliding Stop heescht des Prüfung.

Charakteristesch fir Westernreiden ass wéi d’Päerd mat oder nach besser ouni Zigel gefouert gëtt. Meeschtens just mat enger Hand. A labber soll et do hänken.

Eng ganz Rei vun Epreuven heescht et ze packen an d’Jury ze iwwerzeegen. Sliding Stop hate mer scho gesinn, duerno ganz kuerz op der hënneschter Hand dréinen an d’Richtung wiesselen (Rollback genannt). Duerno gi Spins gefrot: op der hënneschter Hand dréinen, no riets, no lénks, do gëtt et engem vum Kucke schonn dronken. Och d’Päerd hannerzeg goe loossen, gehéiert derzou.

Dann séier a lues Galopp-Passagen am Krees oder op enger Aachtchen. Et geet net primär ëm dat séiert oder dat spektakuläert: d’Übunge mussen och präzis ausgefouert ginn an et muss ee gesinn, dass d’Päerd follegt. An zwar spontan ouni Widderstand, ouni ze zécken. Dat setzt natierlech e grousst Vertrauen tëschent Päerd a Reider/Reiderin viraus.

Nei Lëtzebuerger Championne am Western Reining ass d’Sandrine Lommel-Bordang.

Back to Top
CIM LOGO