Start vum Futtball-Championnat bei den DammenNationaltrainer Dan Santos rechent Hesper Chancen op den Titel aus

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend geet d'Summerpaus am Futtball-Championnat vun den Dammen op en Enn.
© RTL-Archivbild

Virschau Futtball-Championnat Dammen / Reportage Sam Rickal

Alleguer d’Ekippe sinn e Samschdeg den Owend am Asaz, bis op de Stater Racing an Housen. De Champion ass dës Woch op engem Champions-League-Qualikitiounstournoi hei zu Lëtzebuerg am Asaz, dofir gouf d’Affiche Racing-Housen op een aneren Datum verluecht.

Wéinst prominenten Ofgäng, wéi ënner anerem dee vum Karoline Kohr an dem Marta Estevez Garcia, wäert de Racing et dëst Joer een Tick méi schwéier kréien, fir ëm den Titel matzespillen. De Champion aus deene leschte véier Joer gëllt et awer net ze ënnerschätzen. Dozou den Dammen-Nationaltrainer Dan Santos.

“Ech mengen, dass de Racing sech gutt erkritt huet. Et gouf ville Departen trotzdeem. A wann ee kuckt, d’Leeschtung, déi se bruecht hunn elo an der Champions League, ass ganz verspriechend fir d’Championnat.”

Eng Ekipp, déi sech prominent a staark verstäerkt huet, ass Hesper. Den Opsteiger vum leschte Joer konnt ënner anerem d’Nationalspillerinnen Amy Thompson an Andrea Machado an donieft och d’Karoline Kohr vum Racing ënner Kontrakt huelen. D’Zil ass ganz kloer de Championstitel.

“E grousse Favorit ass dëst Joer ganz kloer Hesper. Hesper huet mat den Transferten, wou se gemaach hunn, ganz kloer gewisen, d’Ambitiounen, wou se hunn, fir ëm de Champion ze spillen. An ech mengen, dass dat och wäert klappen, dass se am Playoff uewe wäerte spillen a Konkurrenz gi fir de Racing.”

Komplettéiert gouf den Titel-Playoff d’lescht Saison vum FC Mamer an dem SC Ell. Deenen Eller ass eng weider Participatioun um Titel-Playoff zouzetrauen. Bei Mamer muss een dogéint kucken, wéi een den Ofgang vum Amy Thompson kompenséiert. Déi aner Ekippe wäerte virun allem eng roueg Saison wëlle spillen.

De Playoff-System ëm de Championstitel an den Of- an Opstig zum Schluss vun der Saison war fir d’Ekippen déi lescht Spillzäit nei. De Bilan vun de Spillerinnen, Traineren a Responsabelen ass awer duerchaus positiv ausgefall.

“Ech mengen dat bréngt jo e bësse Spannung eran. Och wann d’lescht Joer kloer war wie Champion ginn ass, mee et war awer spannend fir ze gesinn, wien an de Playoff uewen erakomm ass. Well ëm déi véiert Plaz waren d’lescht Joer bis de leschte Spilldag dräi Ekippen, déi concernéiert waren. An ech mengen, dat gëtt och erëm no ënnen eng Méiglechkeet fir d’Ekippen, déi et méi schwéier hunn, fir sech do nach eng Kéier am Playoff ze erkämpfen. Dofir mengen ech, ass et eng gutt Saach.”

Ganz schwéier wäert et fir d’Opsteiger Housen a Mäertert-Waasserbëlleg ginn. Do heescht dat grousst Zil Maintien.

Back to Top
CIM LOGO