FuttballNations-League-Playoff-Match no nëmmen 20 Minutten ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war de Virverkaf fir den Nations-League-Playoff-Match de 26. Mäerz am Stade de Luxembourg.
© Val Wagner (Archiv)

No 20 Minutte ware keng Tickete méi do an d’Partie ausverkaaft. Lëtzebuerg spillt den 21. Mäerz a Georgien a mat enger Victoire hätt een deemno 5 Deeg méi spéit virun eegenem Public d’Méiglechkeet, fir sech fir d’EM an Däitschland ze qualifizéieren. De Géigner ass entweder Griicheland oder Kasachstan.

Béid Matcher ginn och op RTL Télé Lëtzebuerg live iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO