Internationale FuttballNegativserie vu ManCity gerass, Stuttgart a Leverkusen deelen d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
Den FC Chelsea stécht no der Néierlag géint Everton weider an der Kris. An der Ligue 1 huet Metz déi zweet Néierlag hannertenee kasséiert.
© AFP

Bundesliga

Stuttgart - Leverkusen
1:0 Führich (40'), 1:1 Wirtz (47')

Stuttgart a Leverkusen hu sech e wierkleche Spëtzematch geliwwert. Déi éischt Hallschent goung un d’Schwaben, déi der Werkself alles ofverlaangt hunn a kuerz virun der Paus verdéngt a Féierung goe konnten. Leverkusen huet awer direkt nom Säitewiessel zeréckgeschloen an de Match u sech gerappt. Trotz enger Rei gudde Chancen konnt Leverkusen de Match net méi dréinen an huet elo 4 Punkte Virsprong op München. Fir Stuttgart war et dat éischt Gläichspill an dëser Saison.

Köln - Mainz 0:0

Köln a Mainz hu sech ouni Goler getrennt a bleiwen domat allebéid déif am Tabellekeller. Mainz war am éischten Duerchgang méi present, Köln war déi éischt 45 Minutten net wierklech am Match. Och an der zweeter Hallschent war Mainz ufanks méi geféierlech a war och duerch de Burkardt a Féierung gaangen, de Gol gouf awer vum VAR kasséiert. Duerno ass de Match verflaacht, fir an der leschter Véierelstonn nees Faart opzehuelen. Mainz a Köln haten eng gutt Chance, fir de Match fir sech ze decidéieren, mee de Potto oder de Golkipp stoungen am Wee. Sou blouf et beim 0:0, wat kenger Ekipp sou richteg weiderhëlleft.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Everton - Chelsea 2:0
1:0 Doucoure (55'), 2:0 Dobbin (90'+2)

Den FC Chelsea muss am Duell géint en direkte Konkurrent eng batter Néierlag astiechen a steet weiderhin am Niemandsland vun der Tabell. D’Blues koume géint d’Toffees net an hiert Spill. Den Doucoure hat Everton no der Paus a Féierung bruecht, d’Toffees konnten den Deckel awer eréischt an der Nospillzäit dropmaachen.

Luton Town - Manchester City 1:2
1:0 Adebayo (45'+2), 1:1 Bernardo Silva (62') , 1:2 Grealish (65')

Manchester City kann nach gewannen. De Meeschter huet sech géint d’Kellerkand Luton Town awer laang schwéier gedoen. ManCity war an der éischter Hallschent wuel dominant, huet seng Chancen awer net eragemaach, wat kuerz virun der Paus vum Adebayo bestrooft gouf. Nom Säitewiessel hunn d’Skyblues de Match bannent 3 Minutte gedréint, wéi de Grealish an de Bernardo Silva markéiert hunn. Um Enn gouf Luton nach eng Kéier geféierlech, mee Manchester huet d’Punkte mat heem geholl.

Tottenham - Newcastle 4:1
1:0 Udogie (26'), 2:0 Richarlisson (38'), 3:0 Richarlisson (60'), 4:0 Son (85'), 4:1 Joelinton (90'+2)

Tottenham gewënnt héichverdéngt géint Newcastle an hält de Géigner vun haut an der Tabell op Distanz. D’Spurs sinn elo nees viru Manchester United op der fënnefter Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Reims 2:1
1:0 Laborde (55'), 1:1 Abdelhamid (78'), 2:1 Boga (82')

Clermont - Lille 0:0

Den Ofstigskandidat Clermont huet sech e Gläichspill géint Lille erkämpft, woumat d’Ekipp aus dem franséischen Norde wichteg Punkten am Kampf ëm dat internationaalt Geschäft leie léisst.

Metz - Brest 0:1
0:1 Le Douaron (75')

Den FC Metz verléiert um Enn onglécklech géint Brest. D’Grenats hate wuel eng Rei gutt Chancen, déi si awer net verwäerte konnten. Och Brest hat vereenzelt Méiglechkeeten an huet eng dovun eng Véierelstonn virun Enn zum decisive Gol genotzt. Brest bleift am ieweschten Drëttel vun der Tabell, wärend Metz 4 Punkte Virsprong op d’Relegatiounsplaz huet.

Lyon - Toulouse 3:0
1:0 Lacazette (25'), 2:0 Lacazette (29'), 3:0 Lacazette (80')

Lyon gëtt e Liewenszeeche vu sech a gewënnt d’Kellerduell géint Toulouse. OL ass mat 10 Punkte weiderhin Tabelleleschten, huet awer nees Uschloss op d’Relegatiounsplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Almeria 2:1
1:0 Morata (17'), 2:0 Correa (22'), 2:1 Leo Baptistao (62')

Atlético Madrid huet sech um Enn méi schwéier gedoen, wéi een am Ufank huet kënnen denken. Déi Rout-Wäiss louche fréi 2:0 a Féierung an hunn déi éischt Hallschent iwwer wäit Strecke gutt geréiert. Den Tabelleleschten Almeria koum eréischt kuerz virun der Paus besser an de Match. Nodeem Almeria den Uschlossgol gelonge war, ass Atlético an d’Schwamme komm, konnt de Virsprong awer iwwer d’Zäit retten. D’Colchoneros hale weiderhin den Uschloss un d’Tabellespëtzt.

Granada - Athletic Bilbao 0:1 (ofgebrach)
0:1 Williams (6')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO