Souwuel de Charel Grethen wéi och d’Patrizia Van der Weken stoungen ënnert anerem zu Metz um Start. Béid Leefer waren an deene leschte Woche fir eng Rëtsch nei Rekorder responsabel. An och zu Metz sollt et dem Charel Grethen an der Course iwwer 1.500 Meter mat enger Zäit vun 3:38:30 geléngen, säin eegene Rekord nees ze verbesseren. Mat dëser Zäit klasséiert hie sech a senger Course op der 6. Plaz. Bis elo louch de Rekord vum Charel Grethen bei 3:38:65.
D’Patrizia Van der Weken huet en neie Landesrekord iwwer 60 Meter zu Metz iwwerdeems knapp verpasst. D’Sprinterin klasséiert sech mat enger Zäit vu 7.31 op déi 3. Plaz an hirer Course.
E weidere Rekord gëtt et iwwerdeems fir d‘Victoria Rausch iwwer 60 Meter Hecken. Si huet hiren ale Rekord ëm 3 Honnertstel verbessert.
Iwwert 60 Meter Hecke bei den Häre feelen dem Francois Grailet 3 Honnertstel fir d’Qualifikatioun fir d’Indoor-Weltmeeschterschaft am Mäerz zu Belgrad. An der B-Finall ass den Athlet 3 Honnertstel iwwert sengem Rekord bliwwen.
D’Charline Mathias ass op den 800 Meter e Chrono vun 2 Minutte, 4 Sekonnen a 94 Honnertstel gelaf an duerft als 3. mat op de Podium klammen. An där selwechter Course war d’Vera Hoffmann ronn eng Sekonn méi lues wéi d’Charline Mathias an ass eng perséinlech Beschtzäit gelaf.
Staark Performancë mat perséinlech Beschtzäite sinn et och vum Vivien Henz an dem Gilles Weicherding ginn. De Vivien Henz ass mat senger Zäit vun 3 Minutten, 43 Sekonnen a 34 Honnertstel iwwer 1500 Meter eng nei Meilleur Performanche bei de Junioren an den Espoiren gelaf. De jonke Lëtzebuerger war méi séier wéi den David Fiegen 2004 als Espoire.