
De Schantjen op der Cloche d’Or kënnt den Ament gutt virun, ma d’Fro vum “neie Stadion” steet weiderhin am Raum. Et gouf schonn eng Petitioun, déi gefrot huet, dass en “Stade Louis Pilot” soll genannt ginn. Anerer schwätze vum “Stade de Luxembourg” oder “Nationalstadion”. Am Ausland ass et jo dacks de Fall, dass Stadien den Numm vun engem grousse Sponsor kréien.
D’Kollege vum 5minutes.rtl.lu hu bei der Stad Lëtzebuerg nogefrot an do war et déi formell Äntwert, dass dat sécherlech net de Fall wäert gi fir den neie Stadion. En Numm hu se net bestätegt, ma si hunn ausgeschloss, dass de Stadion no engem Sponsor wäert benannt ginn.
FOTOGALERIE: Andréck vun uewe vum neie Stadion op der Cloche d’Or vun Olidom Multimedia.