An der NBA New York Knicks hunn Coupe gewonnen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf an der NBA d'Finall vun der Coupe gespillt.
© ETHAN MILLER/Getty Images via AFP

An der Finall vum “Emirates NBA Cup” zu Las Vegas hu sech d’New York Knicks mat 124:113 géint d’San Antonio Spurs duerchgesat a sech domat den Titel geséchert. Mat 28 Punkten huet den OG Anunoby iwwerzeegt, de Jalen Brunson huet 25 Punkten zur Victoire bäigesteiert. De Brunson gouf mat 33. 2 Punkten am Schnëtt am Laf vun de Coupe-Matcher zum wäertvollste Spiller (MVP) gewielt. Et ass den éischten offiziellen Titel fir New York säit 1973.

An der Halleffinall hat sech San Antonio iwwerraschend géint de Champion Oklahoma City Thunder duerchgesat, New York hat sech den Ticket fir d’Finall duerch eng Victoire géint d’Orlando Magic geséchert.

Et war déi drëtt Editioun vun der Coupe, déi 2023 agefouert gouf. D’Los Angeles Lakers haten déi éischt Editioun 2023 gewonnen, 2024 konnte sech d’Milwaukee Bucks den Titel sécheren.

Back to Top
CIM LOGO