
En aneren Auto war dem Sheriff no net implizéiert. Den Everett wier vun der Strooss ofkomm an hätt e puer Beem ze pake kritt. Den NFL-Spiller selwer gouf wuel net liewensgeféierlech verwonnt, ma eng Fra déi bei him am Auto souz, huet net iwwerlieft.
Zwee aner Spiller aus sengem Team hunn den Accident materlieft, well si hannert him gefuer sinn, nodeems se zesummen iesse waren.
Den Everett spillt zanter 2015 fir Washington an der NFL a koum an alle 14 Matcher dës Saison an den Asaz.