
Fir de COSL gouf et e Sonndeg eng Première bei Olympia. Et war déi éischte Kéier, datt e Lëtzebuerger am Reiden dobäi war.
Am Grand Prix huet den Nicolas Wagner et net ënner déi éischt 18 gepackt, déi sech fir d’Kür qualifizéiert hunn.
Den 29 Joer ale Lëtzebuerger huet sech mat sengem Päerd Quater Back Junior mat 70,512 Prozentpunkten awer ganz anstänneg aus der Affär gezunn a kënnt um Enn op déi 25. Plaz ënnert 59 Reider.
