De Bob Bertemes kennt een als gutt gelaunten Athlet. No sengem leschten Asaz op der grousser Bün huet een awer gespuert, dass hie sech seng lescht Kompetitioun anescht virgestallt huet. Den Owend no der Quali wier och schwéier gewiescht. De Bob Bertemes:
“Ech hat nach en Debriefing mat mengem Trainer gemaach, do hu mer eis dat Ganzt eng Kéier ugekuckt. An jo, et ass esou wéi et ass. Et war okay. Ech mengen, mir hätte kënne méi schlëmm sinn.”
Een, deen de Bielesser kennt, weess, dass hie gären de Sprong an d’Finall gepackt hätt. Et wier de perfekten Ofschloss vun enger laanger Karriär gewiescht.

Elo géif hien nach e bëssen d’Zäit am Olympeschen Duerf genéissen. Gäre wier hien och nach bei de Coiffer gaangen, mee do krut hie kee Rendez-vous méi.
“Ech mengen et geet einfach elo mol drëms, alles sacken ze loossen. Ech hunn et mengen ech hikritt, dës ganz Saison dat e bëssen ewechzedrécken, dass et elo fäerdeg ass.”
Elo wéilt de Bob Bertemes emol d’Zäit mat der Famill genéissen. Duerch de Sport wier net ëmmer esouvill Zäit gewiescht fir d’Famill, dat wéilt hien elo nohuelen.
“Ech hu gesot, et geet elo e bëssen drëm, Saachen ze maachen, déi och meng Fra gäre wëll maachen. An dann, no engem Joer Ofstand, da géing ech eng Kéier gäre rëm zréckkommen. Als Trainer zu Bieles wär absolutt eng Häerzenssaach vu mir.”
Dat wier eng schwéier Fro, esou de Bob Bertemes. En hätt ganz vill schéi Momenter gehat. Wann en awer ee misst erauspicken, da war et Berlin, do huet hien déi éischte Kéier iwwer 21 Meter gestouss.