Am Foto-FinishNoah Lyles wënnt Olympia-Gold iwwer 100 Meter

RTL Lëtzebuerg
Den US-Amerikaner huet sech virum Jamaikaner Kishane Thompson an dem US-Amerikaner Fred Kerley behaapt.

De Sprintstar Noah Lyles huet säi Verspriechen ageléist an Olympia-Gold iwwer d'100 Meter no 20 Joer zeréck an d’USA bruecht. De Weltmeeschter ass an der spektakulärer Finall vu Paräis 9,79 Sekonnen (nei perséinlech Beschtleeschtung) gelaf a war domat am Foto-Finish net ze halen. Hannert dem Lyles huet den Jamaikaner Kishane Thompson Sëlwer gewonnen, hie louch nëmme fënnef Dausendstel hannert dem Olympiagewënner. Bronze huet sech am Stade de France den Ex-Weltmeeschter Fred Kerley (9,81 Sekonnen) aus den USA geséchert.

© AFP

E Samschdeg hat sech an der 100-Meter-Finall vun den Dammen d’Julien Alfred vu Saint Lucia Gold geséchert. Si ass mat enger Zäit vun 10,72 Sekonne virum Sha’carri Richardson aus den USA (10,87 Sekonnen) an dem Melissa Jefferson (10,92 Sekonnen) och aus den USA bliwwen.

Bei den Damme stoung mam Patrizia van der Weken eng Lëtzebuergerin an den Halleffinallen. Si ass um Enn mat enger Zäit vun 11,13 Sekonnen déi 15. ginn.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller

Back to Top
CIM LOGO