
Den Novak Djokovic muss a Spuenien den nächste Réckschlag bannent kuerzer Zäit astiechen. E Samschdeg huet sech de serbeschen Tennisstar missen a senger éischter Ronn vun den ATP-Masters zu Madrid géint den Italiener Matteo Arnaldi geschloe ginn. Géint déi aktuell Nummer 44 vun der ATP-Weltranglëscht stoung no knapp zwou Stonne Spillzäit eng 3:6 a 4:6 Defaite no zwee Sätz.
Ufank Abrëll war scho bei den ATP-Masters zu Monte Carlo nom éischte Match fir den Djokovic Schluss. Fir säin 100. Tour-Titel a senger elo schonn héich erfollegräicher Karriär muss hie sech also fir d’éischt mol nach weider gedëllegen.