De Finn Kemp gëllt als e grousst Nowuesstalent vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun. De 17 Joer ale Monnerecher ass zënter dem leschten Hierscht am Sportlycée ageschriwwen a lieft fir säi Sport. Keng Minutt ass him ze fréi nach ze spéit fir am Baseng de Couloir op- an ofzeschwammen. Seng Spezialitéit ass de Brasse a säi Virbild de Laurent Carnol.
De Christophe Audot ass den Trainer vum Finn Kemp. De Fransous ass begeeschtert vu sengem Schwëmmer an iwwerzeegt dass vill Potential an him stécht. Dat grousst Zil vum Finn Kemp sinn d’Europameeschterschafte vun de Junioren Enn Juli zu Bukarest.