Direkt iwwert der GrenzOlympesch Fakele goufen am franséische Florange "geheim" produzéiert

Monica Camposeo
De Countdown leeft: A knapp 4 Méint fänken zu Paräis d'Olympesch Spiller un. D'Virbereedungen dofir lafen awer scho ganz laang.
Olympesch Fakele goufen am franséische Florange "geheim" produzéiert
De Countdown leeft: A knapp 4 Méint fänken zu Paräis d’Olympesch Spiller un. D’Virbereedungen dofir lafen awer scho ganz laang.

D’Fakelen, mat deenen déi olympesch Flam vum griicheschen Olympia an déi franséisch Haaptstad bruecht ginn, goufen zum Deel an engem Stolwierk heivir a Frankräich produzéiert, nämlech zu Florange. Fir d’Mataarbechter eng eemoleg Erfarung.

Mat all Fakel gëtt versicht, d’Land an den Zäitgeescht ze representéieren. Esou ass et och fir d’Editioun vun dësem Joer. Souwuel fir d’Olympesch Spiller, wéi och fir d’Paralympics; déi zwou Fakelen hunn den nämmlechten Design. Dat soll d’Egalitéit symboliséieren. Et ass dann och déi éischte Kéier, dass déi olympesch Fakel komplett symmetresch ass.

Donieft wëll Paräis 2024 besonnesch nohalteg sinn. D’Fakel besteet komplett aus recycléiertem Stol, erkläert d’Delphine Moulin. Si ass Direktesch vun den Evenementer, déi am Kader vun Olympia fir de Grand public organiséiert ginn. Dorënner zielt och de Fakelzuch, deen déi olympesch Flam aus Griichenland iwwer d’Mëttelmier an duerch ganz Frankräich op Paräis bréngt. 11.000 Leit aus der Zivilgesellschaft goufen erausgesicht, fir d’Fakel iwwert dëse laange Wee ze droen. Ma dofir gouf awer net, wéi soss üblech, fir all Persoun eng Fakel produzéiert, mee am ganzen 2.000 Exemplairen. Dat sinn der 6 Mol manner, wéi soss.

Am Fréijoer 2023 sinn d’Aarbechten am Wierk zu Florange lassgaangen. Just eng Handvoll Leit wosst deemools Bescheed, dass d’Fakele fir d’Olympesch Spiller do géingen hiergestallt ginn. Bis Juli 2023, wéi den Design offiziell presentéiert gouf, sollt de Projet nämlech geheim bleiwen. Ronn zwee Méint laang hunn d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter de Stol verschafft, ouni ze wëssen, wat fir e Produit dorausser géing entstoen. D’Aurélia Lamière, Qualitéitsmanagerin zu Florange, ass deemools nëmmen e puer Deeg virun der Presentatioun virun der Press vum grousse Projet gewuer ginn. A si erënnert sech nach gutt, wéi si hir Ekipp informéiert huet. D’Iwwerraschung wier grouss gewiescht, ma natierlech wier den Houfert och haut nach ze spieren.

Ronn 8.000 Stonnen Aarbecht sinn an d’Entwécklung vun der olympescher Fakel gefloss. Normalerweis gëtt zu Florange Stol a Blech fir Produiten aus dem alldeegleche Gebrauch produzéiert. Dat kann eng Béchs, en Deo oder och eng Wäschmaschinn sinn. Dass elo och d’Fakel fir d’olympesch Spiller 2024 hei produzéiert gouf, wier eng gutt Geleeënheet, fir d’Handwierk no baussen ze droen, esou de Jean-François Malcuit, Direkter vum Site zu Florange.

No den olympesche Spiller ginn déi 2.000 Exemplairen net weider recycléiert, mee u Muséeën oder Partner verkaf. E Präis gouf d’Press net gewuer. Iwwregens sinn d’Fakele komplett a Frankräich hiergestallt ginn. D’Mataarbechter vu Florange soen, fir si war d’Hierstellung vun der Fakel déi éischt olympesch Epreuve.

Back to Top
CIM LOGO