TokioOlympesch Spiller mat ville Restriktioune fir d’Athleten

RTL Lëtzebuerg
Wéineg ëffentleche Support, keng Spectateuren a vill streng Mesuren: D'Olympesch Spiller wäerten dëst Joer fir déi 11.000 Athlete ganz speziell sinn.
© SID/CHARLY TRIBALLEAU

Wéinst der rezenter Hausse vun de Covid-19-Fäll huet Tokio en Donneschdeg en neien Noutstand ausgeruff. Just e puer Stonne méi spéit koum dann och d’Nouvelle, dass keng Spectateure bei de Competitiounen zu Tokio selwer an Ëmgéigend zougelooss sinn. Ma och eng ganz Réi Restriktioune fir d’Athleten an hiren Entourage sollen d’Verbreedung vum Virus miniméieren.

D’Buergermeeschtesch vun Tokio, d’Yuriko Koike beschreift déi aktuell Hausse vu Corona-Fäll als dramatesch an hat schonns méi laang gefuerdert, dass d’Olympesch Spiller ouni Spectateure sollten ofgehalene ginn. Déi Verantwortlech wëllen eng Verbreedung vum Virus bei de Spiller esou kleng wéi méiglech halen an hunn deemno och streng Mesurë fir d’Athleten opgestallt.

Schonns bei der Arees mussen d’Athleten en negativen Test weisen a kréien nach e weideren Test direkt um Flughafe gemaach. Och musse si hire GPS um Handy umaachen. Bei engem positive Fall soll de Contact-Tracing esou méi einfach sinn. D’Beweegungsfräiheet vun den Athleten ass dann och limitéiert. Si dierfe sech nëmmen tëschent hirem Logement, hirem Training an de Competitioune beweegen, an dat just an designéierten Autoen oder Bussen. Aner Plazen zu Tokio oder a Japan dierfe si net besichen. Ausserdeem mussen d’Athleten all Dag e Covid-Test maachen. Si mussen och zu all Moment eng Mask unhunn, ausser beim Iessen, dem Training, de Competitiounen an an hirem Zëmmer.

Olympesch Spiller mat Restriktiounen / Rep. Tanja Kinnen

Ënnerenee wäerten d’Athlete wéineg Kontakt kënnen hunn. D’Openthaltsraim am Olympeschen Duerf sinn drastesch reduzéiert oder ganz zou. An der Iesshal gëtt d’Iessen op Plateauen zerwéiert a jidderee muss eleng hannert Plastikspanneauen iesse mat enger Distanz vun 2 Meter zu der nächster Persoun. Alkohol ze consomméieren ass net erlaabt, ausser eleng am eegenen Zëmmer. Kierperleche Kontakt ass z’evitéieren, ausser am Kader vum Training oder wärend de Competitiounen. Esou sollen d’Athlete sech net d’Hand ginn, sech ëmäermelen, respektiv en “High Five” ginn.

Eng Violatioun vun de Reegele kann eng Disqualifikatioun vun den Athlete mat sech zéien. Ma och Geldstrofen an e Verloscht vun der Akkreditatioun si virgesinn.

De japanesche Public gesäit d’Olympesch Spiller mat gemëschte Gefiller – Nëmme knapp 30% sinn d’Accord mam Ofhale vun de Spiller. Mat wéineg ëffentlechem Support, kenge Spectateuren an de ville Restriktioune ginn et sécherlech ganz speziell Spiller fir déi ronn 11.000 Athleten aus 207 Länner, dorënner och 12 Lëtzebuerger Athleten.

Back to Top
CIM LOGO