Lëtzebuerger Impressioune vun der Paralympics-OuvertureOnbeschreiflech Atmosphär, dat bleift engem an Erënnerung, sou d'Katrin Kohl

Tom Flammang
Eng weider Kéier steet déi franséisch Haaptstad ganz am Zeeche vum Sport.
Déi Paralympesch Spiller zu Paräis si lancéiert
E Mëttwoch den Owend hunn d’Paralympics an der franséischer Haaptstad offiziell ugefaangen. Den 8. September gi se op en Enn.

E Mëttwoch den Owend war zu Paräis déi offiziell Ouverture vun de Paralympesche Summerspiller. Ronn 4.400 Athleetinnen an Athleeten aus bal 170 Länner si bis den 8. September an deene verschiddenen Disziplinnen am Asaz. Mat dobäi och 2 Lëtzebuerger, déi d’Erëffnungfeier e Mëttwoch genoss hunn.

Et war e groussen Owend fir d’Delegatioune mat hire Sportler. D’Place de la Concorde hat sech an eng grouss Bün verwandelt an déi verschidden Artisten hu fir eng Show gesuergt, déi eng Ouverture vun de Paralympics sou nach net erlieft hat. Matten dran d’Lëtzebuerger Delegatioun, déi den Owend genoss huet.

“Wann een dat déi éischte Kéier erlieft, vum Opstelle bis et richteg ufänkt, dat ass einfach eng onbeschreiflech Atmosphär gewiescht. Et ware sou vill Leit do, et war sou eng gutt Stëmmung, jiddwereen ass ugefeiert ginn, dat bleift engem déi nächst Joren an Erënnerung”, sou d’Katrin Kohl am RTL-Interview.

Iwwer déi nächst Deeg ewech kann ee sech an der franséischer Haaptstad eng ganz Rei Lëtzebuerger Supporter erwaarden.

Bis d’Katrin Kohl an den Tom Habscheid an den Asaz kommen dauert et nach puer Deeg. Si sinn de 4. September respektiv de 7. September am Asaz. Bis dohin heescht et, vun der aussergewéinlecher Atmosphär ze profitéieren.

PDF: Schreiwes vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité

Back to Top
CIM LOGO