
Och am Joer no den Olympesche Spiller dierft am nationalen an internationale Sport keng Langweil opkommen. Direkt an den éischte Méint vum Joer gëtt et mat der Cyclocross-WM Medailechancë fir Lëtzebuerg. Am Februar huet d’Basketnationalekipp vun den Dammen déi historesch Chance, sech fir d’EM ze qualifizéieren. Fir d’Rugby-Nationalekipp vun den Häre geet d’Aventure an der Europe Trophy weider. An an de Summerméint waarden dann d’Spiller vun de klengen europäesche Staaten an Andorra, d’World Games zu Chengdu a China an d’Universiade am Rhein-Ruhr-Gebitt op d’Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler. An am Hierscht waart an der Futtball-WM-Qualifikatioun mat Däitschland oder Italien eng vun de grousse Futtballnatiounen op d’Rout Léiwen.
Januar
Schisprangen: Véierschanzentournée - 2. Sprangen zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland (01.01.)
Darts: Weltmeeschterschaft Finall zu London (bis den 03.01.)
Schisprangen: Véierschanzentournée - 3. Sprangen zu Innsbruck an Éisträich (04.01.)
Motorsport: Rallye Dakar a Saudi-Arabien (03.01. - 17.01.)
Schisprangen: Véierschanzentournée - 4. Sprangen zu Bischofshofen an Éisträich (06.01.)
Cyclocross: Championnat zu Leideleng (12.01.)
Tennis: Australian Open zu Melbourne an Australien (12.01. - 26.01.)
Handball: Weltmeeschterschaft vun den Hären a Kroatien, Dänemark an Norwegen (14.01 - 02.02.)
Liichtathletik: CMCM Indoor Meeting an der Coque (19.01.)
Tennis: ITF Luxembourg Open Esch (19.01. - 26.01.)
Automobilsport: WRC Rally: Start vun der neier Saison Rallye Monte-Carlo (Lëtzebuerger Grégoire Munster Wierkspilot bei M-Sport) (23.01. - 26.01.)
Schwammen: Euro Meet an der Coque (31.01. - 02.02.)
Vëlossport*: Cyclocross-WM zu Liévin a Frankräich (31.01. - 02.02.)
Februar
Tennis: Davis Cup, Litauen-Lëtzebuerg an der Coque (01.02. - 02.02.)
Wantersport: Schi-Alpin-Weltmeeschterschaft zu Saalbach an Éisträich (04.02. - 16.02.)
Basketball: EM-Qualifikatioun Dammen, Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg (06.02.)
Basketball: EM-Qualifikatioun Dammen, Montenegro-Lëtzebuerg (09.02.)
American Football: Super Bowl zu New Orleans an den USA (09.02.)
Wantersport: Biathlon-WM zu Lenzerheide an der Schwäiz (12.02. - 23.02.)
Basketball: WM-Prequalifikatioun Hären, Norwegen-Lëtzebuerg (20.02.)
Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Kasachstan (21.02.)
Liichtathletik: Indoor-Championnat an der Coque (23.02.)
Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Lichtenstein (25.02.)
Mäerz
Vëlossport: Omloop Het Nieuwesblad (01.03.)
MotoGP: Start vun der Saison mam Grousse Präis vun Thailand (02.03.)
Liichtathletik: Indoor-EM zu Apeldoorn an Holland (06.03. - 09.03.)
Volleyball: Final Four an der Coupe (06.03 - 09.03.)
Handball: EM-Qualifikatioun Dammen, Lëtzebuerg-Zypern a Lëtzebuerg-Belsch (07.03. - 09.03.)
Rugby: Europe Trophy Hären, Tschechien-Lëtzebuerg (08.03.)
Special Olympics: Weltwanterspiller zu Turin an Italien (08.03. - 15.03.)
Vëlossport: Strade Bianche (08.03.)
Vëlossport: Paris-Nice (09.03. - 16.03.)
Vëlossport: Tirreno-Adriatico (10.03. - 16.03.)
Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Belsch (12.03.)
Basketball: Finall Coupe de Luxembourg a Coupe des Dames an der Coque (15.03. - 16.03.)
Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Belsch-Lëtzebuerg (16.03.)
Automobilsport: Formel 1**: Start vun der neier Saison mam Grousse Präis vun Australien (16.03.)
Liichtathletik: Indoor-Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China (21.03. - 23.03)
Vëlossport: Mailand-Sanremo (22.03.)
Dëschtennis: Eenzel-Championnat an der Coque (22.03 - 23.03)
Vëlossport: E3 Saxo Classic (28.03.)
Rugby: Europe Trophy Hären, Lëtzebuerg-Schweden (29.03.)
Vëlossport: Gent-Wevelgem (30.03.)
Abrëll
Vëlossport: A Travers la Flandre (02.04.)
Futtball: Nations League Dammen, Armenien-Lëtzebuerg (04.04.)
Rugby: Europe Trophy Hären, Lëtzebuerg-Polen (05.04.)
Dëschtennis: Coupe Halleffinallen a Finall an der Coque (05.04. - 06.04.)
Vëlossport: Tour des Flandres (06.04.)
Futtball: Nations League Dammen, Lichtenstein-Lëtzebuerg (08.04.)
Basketball: Start Finallserie LBBL (Best-of-Five) Dammen (12.04 - 13.04.)
Vëlossport: Paris-Roubaix (13.04.)
Akrobatik: Europameeschterschaft Junioren a Senioren an der Coque (16.04. - 20.04.)
Basketball: Start Finallserie (Best-of-Five) LBBL Hären (18.04. - 19.04.)
Basketball: Optakt vun den NBA-Playoffs (19.04.)
Vëlossport: Amstel Gold Race (20.04.)
Automobilsport: Biergcourse zu Luerenzweiler (20.04. - 21.04.)
Vëlossport: Flèche Wallonne (23.04.)
Handball: Final Four Coupe an der Coque (24.04 - 27.04.)
Liichtathletik: Optakt vun der Diamond League zu Xiamen a China (26.04.)
Volleyball: Start Finallserie Novotel League (26.04. - 27.04)
Liichtathletik: DKV Urban Trail (26.04. - 27.04.)
Vëlossport: Léck-Baaschtnech-Léck (27.04.)
Dëschtennis: Optakt vun der Finallserie (27.04.)
Mee
Automobilsport: Biergcourse zu Eschduerf (03.05. - 04.05.)
Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Tschechien (07.05.)
Äishockey: Weltmeeschterschaft a Schweden (09.05. - 25.05.)
Vëlossport: Giro d’Italia (09.05. - 01.06.)
Handball: EM-Qualifikatioun Hären, Kroatien-Lëtzebuerg (11.05.)
Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu Doha am Katar (17.05. - 25.05.)
Futtball: Finall Europa League zu Bilbao a Spuenien (21.05.)
Futtball: Finall Champions League vun den Dammen zu Lissabon a Portugal (24.05.)
Futtball: Leschte Spilldag an der BGL Ligue (25.05.)
Tennis: French Open zu Paräis (25.05. - 08.06.)
Spiller vun de klengen europäesche Staaten an Andorra (26.05. - 31.05.)
Vëlossport: Flèche du Sud (28.05 - 01.06.)
Futtball: Finall Coupe de Luxembourg (Hären) (29.05.)
Futtball: Nations League Dammen, Lëtzebuerg-Armenien (30.05.)
Futtball: Finall Champions League zu München an Däitschland (31.05.)
Liichtathletik: ING Nuetsmarathon (31.05.)
Handball: Leschte Spilldag Axa League (31.05.)
Juni
Futtball: UEFA Nations League Final Four an Italien oder Däitschland (04.06. - 08.06.)
Basketball: Start NBA-Finals (05.06.)
Basketball: Europameeschterschaft vun den Dammen an Däitschland, Tschechien, Griichenland an Italien (18.06. - 29.06.)
Futtball: Nations League Dammen, Kasachstan-Lëtzebuerg (03.06.)
Tennis: Wimbledon zu London (30.06. - 13.07.)
Juli
Futtball: Europameeschterschaft vun den Dammen an der Schwäiz (02.07. - 27.07.)
Vëlossport: Tour de France (05.07. - 27.07.)
Schwammen: Weltmeeschterschaft zu Singapur (11.07. - 03.08.)
Automobilsport: Rallye Lëtzebuerg (11.07. - 12.07.)
Triathlon: Ironman 70.3 zu Réimech (13.07.)
Summeruniversiade an Däitschland (Rhein-Ruhr-Regioun) (16.07. - 27.07.)
Vëlossport: Tour de France Femmes (26.07. - 03.08.)
August
World Games zu Chengdu a China (07.07. - 17.08.)
Vëlossport: Vuelta à Espana (23.08. - 14.09.)
Tennis: US Open zu New York (25.08. - 07.09.)
September
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Nordirland (04.09.)
Liichtathletik: Escher Kulturlaf (06.09.)
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Slowakei (07.09.)
Liichtathletik: Weltmeeschterschaft zu Tokio a Japan (13.09. - 21.09.)
Vëlossport: Weltmeeschterschaft op der Strooss zu Kigali a Ruanda (21.09. - 28.09.)
Vëlossport: Skoda Tour de Luxembourg (17.09 - 21.09.)
Liichtathletik: Route de Vin (28.09.)
Oktober
Liichtathletik: Walfer Vollekslaf (05.10.)
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Däitschland/Italien-Lëtzebuerg (10.10.)
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Slowakei-Lëtzebuerg (13.10.)
Dëschtennis: Europameeschterschaft zu Zadar a Kroatien (12.10. - 19.10.)
November
Tennis: WTA-Finals Zu Riyadh a Saudi-Arabien (01.11. - 08.11.)
Tennis: ATP-Finals zu Turin an Italien (09.11. - 16.11.)
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Lëtzebuerg-Däitschland/Italien (14.11.)
Futtball: WM-Qualifikatioun Hären, Nordirland-Lëtzebuerg (17.11.)
Automobilsport: WRC Rally: Lescht Course vun der Saison Rally Saudi Arabia (27.11. - 30.11.)
Handball: Weltmeeschterschaft vun den Dammen an Däitschland an an Holland (27.11. - 14.12.)
Dezember
Automobilsport: Formel 1: Lescht Course vun der Saison Grousse Präis vun Abu Dhabi (07.12.)
Darts: Weltmeeschterschaft zu London (15.12.2024 - 03.01.2026)
Schisprangen: Start vun der Véierschanzentournée zu Oberstdorf (Enn Dezember)
Stand: 03. Januar 2025.
*Och dëst Joer ass RTL nees bei enger ganzer Partie Vëloscoursse live mat dobäi. Ënnert anerem bei de Klassiker a beim Tour de France.
**Déi komplett Formel-1-Saison kënnt Dir nees live op RTL ZWEE, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren.