Op Neijoerschdag stoung zu Garmisch-Partenkirchen dat zweet Sprangen um Programm.

Och bei der 2. Statioun vun der Véierschanzentournée gouf et eng Victoire fir Éisträich. Dës Kéier stoung den Daniel Tschofenig no Spréng vun 141,5 Meter an 143 Meter ganz uewen um Podium. Hien hat eng Avance vun 8,6 Punkten op de Schwäizer Gregor Deschwanden. Den Éisträicher Michael Hayböck hat als Drëtten e Retard vun 9,9 Punkten.

Den 22 Joer alen Tschofenig ass mat senger Leeschtung vun e Mëttwoch och den neie Leader am General vun der Véierschanzentournée. Hie läit 7,9 Punkte virum Jan Hörl aus Éisträich. Drëtten ass mam Stefan Kraft e weideren Éisträicher. Hien hat den Optakt zu Oberstdorf gewonnen an huet e Réckstand vun 8,7 Punkten.

De weidere Programm

  • Freideg, 3. Januar, 13.30 Auer: Qualifikatioun zu Innsbruck
  • Samschdeg, 4. Januar, 13.30 Auer: 3. Sprangen zu Innsbruck
  • Sonndeg, 5. Januar, 16.30 Auer: Qualifikatioun zu Bischofshofen
  • Méindeg, 6. Januar, 16.30 Auer: 4. Sprangen zu Bischofshofen