Luke Littler kréint sech mat 17 Joer zum Weltmeeschter

© BEN STANSALL AFP
E Freideg den Owend ass d'Finall vun der Darts-WM am Alexandra Palace zu London gespillt ginn.
De Luke Littler huet dem Michael van Gerwen e Freideg den Owend an der Finall vun der Darts-WM keng Chance gelooss a sech bei senger zweeter Participatioun bei der Weltmeeschterschaft den Titel geséchert. D'Darts-"Wonnerkand" huet sech mat 7:3 géint de 35 Joer alen Hollänner behaapt.
De van Gerwen huet virun allem am Ufank vun der Partie Chance ëm Chance op Dubbelfelder leie gelooss, de Littler huet d'Feeler vu sengem Géigner äiskal bestrooft an ass séier mat 4:0 dovunner gezunn. Wuel konnt sech de van Gerwen duerno steigeren, ma de Réckstand war ze grouss. De Littler huet d'Victoire locker an d'Zil bruecht. Um Enn hat hien en Average vun 102,8 Punkten an eng Checkout-Quot vu 56 Prozent.
Nieft der ronn 23 Kilogramm schwéierer Sid-Waddell-Trophy dierf sech den Englänner iwwer e Präisgeld vu 500.000 Pond freeën. An der Weltranglëscht réckelt hien op Plaz zwee no vir. Nëmmen nach de Weltmeeschter vun zejoert Luke Humphries läit nach virun him.
Duerch seng Victoire 18 Deeg viru sengem 18. Gebuertsdag huet de Littler de van Gerwen als jéngste Weltmeeschter an der Geschicht vun der Professional Darts Corporation ofgeléist. De "Mighty Mike" hat 2014 am Alter vu 24 Joer säin éischte WM-Titel gewonnen.
De Britt huet domadder och seng extrem staark Saison mam WM-Titel gekréint. No senger sensationeller Qualifikatioun fir d'WM-Finall 2024 konnte sich "The Nuke" ënnert de Spëtzespiller op der Welt etabléieren, hien huet mat der Premier League, der World Series of Darts Finals wéi och dem Grand Slam of Darts direkt dräi Major-Tournoie gewonnen.
De Michael van Gerwen muss dogéint no 2014, 2017 an 2019 weider op säi véierte WM-Titel waarden. Hie bleift den Drëtten an der Weltranglëscht.